commentaire

Fräi Politesch Tribün – 05.02.2024

February 8th, 2024 by Charles Goerens

article picture

An der Emissioun vun der DP stellen ech fest, dass et déi Konzentratioun u Problemer, déi mer de Moment an Europa hunn, net mei zanter dem Zweete Weltkrich ginn huet. Dd’Decisiounen, déi mir dëst Joer huelen, hun ee groussen Impakt op déi nächst 50 Joer an Europa.

Hei ze fannen

Routine war gëschter, awer leider vill ze laang. Imaginatioun, Kreativitéit an Determinatioun ass haut, et sief da mir géifen d‘Heft engem aneren wellen an d‘Hand ginn. Ee vun deenen Anere setzt am Kreml. E behaapt e géing d’Erweiderung vun der NATO an der EU fäerten, mee a Wierklechkeet fäert hien d‘Erweiderung vun der Demokratie. E geet zwar mat an d‘Walen, mee mir wësse och elo scho wéi déi Walen ausginn. An Amerika sinn och Walen, do kenne mer den Ausgank zwar nach net, mee sollt den Donald Trump nach ee mol gewannen, an dat maache wat en ugekënnegt huet, dann hätt d‘Ukrain um Enn vum Joer net méi vill ze laachen.

Lo wesse mer awer dass den Ausgank vun dem Konflikt net nëmmen Zukunft vun der Ukrain wäert prägen, mee och d‘International Uerdnung a besonnesch d‘Zesummeliewen op eisem Kontinent. Well een deen do Zenario awer net vu virera kann ausschléissen, solle mer eis och op déi schwéierst a komplizéiertst Situatioun virbereeden, nämlech déi wou mer nemmen zu 27 ganz eleng do stinn. Et geet net mei duer vir ze soen d‘Fräiheet huet kee Präis, well se kascht awer am endeffekt eppes. Se kascht eis méi wei déi 50 Milliarden déi mer elo laang a penibel am Zickzack Kurs de leschten Donneschdeg zu Bréissel hikritt hunn. Se kascht eis net nëmme Geld, se verlaangt och vun eis eng Upassung vun der Manéier wei mer funktionéieren an der EU. Se verlaangt dass mer denen Erpresser déi sech hannert der Eestëmmegkeet verstoppen d’Rout Kaart weisen. Se verlaangt dass wa mer schonn verschiddenen Länner e Beitrett an d‘EU verspriechen, dat ass och gutt esou, mee dass mer déi Promesse réicht kennen haalen wa mer och funktionsfäheg sin, fir dat hinzekreien. Se verlaangt un éischter Stell dass déi aktuell 27 Membere vun der EU sech sou organiséieren, dass se mat där rasanter internationaler Entwécklung kenne Schrëtt halen. Se verlaangt dass mer zu 28, 30 oder 35 net nëmmen an der Lag sinn den europäesche Bannemaart ze gestalten, mee se verlaangt och dass mer an enger erwiederter EU zesumme mei staark si wei lo.

Vun all deenen Upassunge vun deenen elo riets goung gëtt et keng eng déi net elo scho misst resolut ugepaakt ginn. An der Ausernanersetzung bis den 9. Juni, wou mer een neit Europäescht Parlament wielen, wäerten mer op där enger Säit Fraen a Männer hun, déi fir eng funktiounsfäheg Unioun sin, nenne mer se mol einfach d’Verteideger vun eiser fräiheetlecher, toleranter, oppener a solidarescher Gesellschaft. Déi di Upassungen oofleenen an net bereet sinn déi Efforten un ze goen, déi dëse Kontinent brauch fir seng Fräiheet a Rechtsstaatlechkeet ze festegen, déi wäerte sech profiléiren als Doudegriewer vun der gemeinsamer europäescher Aventure, eng Aventure déi konnt bis elo Fräiheet, Wuelstand a Respekt vun der mënschlecher Dignitéit garantéieren. Mir wëllen zu deene geheiren, déi zesummen och mat anere politesche Kräften dat do weider ennerstetzen.

Ofschleissend sierf bemierkt dass d’Politik, ech mengen déi responsabel Politik, zwar eng fundamental Ausriichtung wat den obligatoreschen Respekt vun eisen gemeinsamen Wäerter ubelaangt, nett muss a Fro stellen, mee d’Method wéi d’Politik gemeet gett muss iwwerduecht ginn.  D’Baureprotester vun de leschte Wochen leiren eis, dass eng gemeinsam Agrarpolitik déi net mei verstaanen gett, zu engem ganz déiwe Malaise féiert. Wann déi Protestbeweegung vu ganz ville Bierger verstaan an ennerstetzt gett weist daat dass d’Kommissioun, an d’Kommissioun un éischter Stell, een Effort vun Dialog a Kooperatioun sollt beweisen. Soss fir alleng bei desem Beispill ze bleiwen gett d’Vetrauen an d’EU menacéiert an dat wir net gutt fir de Fortbestand vun deenen 27.

Hei ze fannen

category: , ,

Carte blanche sur l’Europe post-Covid

July 9th, 2020 by Charles Goerens

article picture

Bruxelles 09/07/2020

“Si nous ne nous y prenons pas trop mal, dans les six mois qui viennent, la gestion de la présente crise nous permettra d’avancer plus en matière d’intégration européenne qu’au cours des 30 dernières années.”
Ma carte blanche sur l’Europe post-Covid à lire dans le Paperjam.

category: , , ,

Article sur l’UE dans le Journal

May 6th, 2020 by Charles Goerens

article picture

Bruxelles 06/05/2020

“Si ses recettes pour la période post COVID n’ont pas de prix, elles ont néanmoins un coût. Nous allons devoir le payer pour garantir aux générations futures une vie dans des sociétés ouvertes, prospères, libres, tolérantes et solidaires.” Voici ma position sur le rôle de l’UE dans ces temps de crise.

RTL Statement zu Coronakrise

April 7th, 2020 by Charles Goerens

article picture

Bréissel 07/04/2020

Liest hei e gemeinsame Statement zur Coronakris vun de 6 Lëtzebuergeschen Europadeputéierten. Mir sinn eis eens, dass méi séier a méi effektiv hätt kënnen op dës Kris reagéiert ginn, wann d’EU am Gesondheetswiese méi Kompetenzen hätt.

RTL Interview iwwer déi wirtschaftlech Konsequenze vun der Coronakrise

March 30th, 2020 by Charles Goerens

article picture

Bréissel 30/03/2020

Fir déi wirtschaftlech Konsequenze vun der Krise z’iwwerwannen, brauche mir dringend méi europäesch Solidaritéit. Ee Moyen kéint en gemeinsaamt Scholdeninstrument sinn, déi sougenannt Coronabonds. Meng Erklärungen dozou fannt Dir hei.

Voxbox

January 20th, 2020 by Charles Goerens

article picture

Ee vun de groussen Themen dës Woch zu Stroossbuerg war d’Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa, déi den 9. Mee dëst Joer soll ugoen. Dozou hu mir am Parlament eng Resolutioun gestëmmt fir eis Visioun vun der Konferenz ze verdäitlechen. Mat enger Majoritéit vu bal 500 Stëmmen dofir gouf se ugeholl.
Dës Kéier widme mir eise Stroossbuerg-Video just dëser Konferenz. Vill Spaass beim kucken. Méi Informatioune fannt dir op dëser Säit.

Stroossbuerg 16/01/2020

Ee vun de groussen Themen dës Woch zu Stroossbuerg war d’Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa, déi den 9. Mee dëst Joer soll ugoen. Dozou hu mir am Parlament eng Resolutioun gestëmmt fir eis Visioun vun der Konferenz ze verdäitlechen. Mat enger Majoritéit vu bal 500 Stëmmen dofir gouf se ugeholl.
Dës Kéier widme mir eise Stroossbuerg-Video just dëser Konferenz.

category: , , ,

Voxbox

July 4th, 2019 by Charles Goerens

article picture

Stroossbuerg 04/07/2019 

Dës Woch koum dat nei gewielten Europaparlament fir d’éischte Kéier zu Stroossbuerg zesummen. Déi éischt Sessioun stoung ganz am Fokus vun der Verdeelung vun den europäesche Spëtzeposten, déi d‘Staats- a Regierungscheffe parallel zu Bréissel decidéiert hunn.

An enger éischter Phase huet d’Europaparlament säi President an d’Vizepresidente gewielt. An enger zweeter Phase sinn d‘Europadeputéiert dann opgefuerdert d’Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun ze bestätegen. Dat ass an zwou Wochen de Fall, an deenen d‘Ursula von der Leyen sech deenen eenzele Fraktiounen och nach wäert virstellen.

Mir wäerten Iech och weiderhin no all Sessioun zu Stroossbuerg mat engem Iwwerbléck um Lafenden halen.

Fannt hei den éischten, vun zwee Kommentarer vum Mount vu Stroossbuerg am Juli 2019.

Stroossbuerg am Dezember 2018

December 14th, 2018 by Charles Goerens

Haaptthemen: Den Attentat um Chrëschtmaart, de Brexit an de Sakharovpräis.

Stroossbuerg Sessioun vum Dezember 2018. Haaptthemen: Den Attentat um Chrëschtmaart, de Brexit an de Sakharovpräis.

category: , ,

Commentaire vum Mount

January 21st, 2017 by Charles Goerens

article picture

21/01/2017

Kuckt hei de Video!

D’Parlament huet en neie Präsident: Den Antonio Tajani.

category:

De Commentaire vum Mount

November 24th, 2016 by Charles Goerens

article picture

Relatiounen EU-Tierkei

De 24ten November gëtt am Europaparlament ofgestëmmt iwwer d’Relatiounen tëscht der Tierkei an der EU.

D’Resolution geet zeréck op eng Initiative vun der liberaler Fraktioun am EP.

Kuckt de Commentaire vum Mount hei!

De 24ten November gëtt am Europaparlament ofgestëmmt iwwer d’Relatiounen tëscht der Tierkei an der EU.

D’Resolution geet zeréck op eng Initiative vun der liberaler Fraktioun am EP.

category:

De Commentaire vum Mount iwwer de Brexit

July 9th, 2016 by Charles Goerens

article picture

Strasbourg, 09/07/2016

Kuckt hei de Commentaire vum Mount Juli!

Photo (c) WSJ.com

Kuckt hei de Commentaire vum Mount Juli!

category:

Commentaire vum Mount – US Wahlen

June 11th, 2016 by Charles Goerens

article picture

Strasbourg, 11/06/2016

Lauschtert de Commentaire vum Mount hei!

Photo (c) Politicususa.com

Wat bedeiten d’Wahlen an den USA fir d’EU an Europa?

Lauschtert de Commentaire vum Mount hei!

category:

De Commentaire vum Mount Abrëll

April 16th, 2016 by Charles Goerens

article picture

Stroossbuerg, 16/04/2016

Kuckt de Commentaire hei!

Wat bedeit de Referendum an Holland fir d’EU? Wat fir de Brexit? Wéi kann een d’Euroskeptiker vun der EU iwwerzeegen?

category:

De Commentaire vum Mount

March 9th, 2016 by Charles Goerens

article picture

Strasbourg, 09/03/2016

An dëser Editioun vum Commentaire vum Mount geet et ëm déi europäesch Äntwert op d’Flüchtlingskris an d’Suite vum EU-Tierkei Sommet.

Kuckt d’Emissioun hei!

An dëser Editioun vum Commentaire vum Mount geet et ëm déi europäesch Äntwert op d’Flüchtlingskris an d’Suite vum EU-Tierkei Sommet.

Kuckt d’Emissioun hei!

category:

De Commentaire vum Mount Februar

February 5th, 2016 by Charles Goerens

article picture

"An dësen Deeg maache sech aus europäescher Siicht zwéin Themen Konkurrenz: De Brexit an d'Undauern vun der Flüchtlingskris."

Kuckt hei eran!

Photo (c)

Kuckt hei eran!

category:

Charles Goerens image
 
Charles Goerens

Member of the European Parliament (Renew Europe)

Continue reading