commentaire-du-mois

RÉCAPITULATIF: Februar 2024 – Baureprotester / Trump Aussoen zur NATO

February 14th, 2024 by Charles Goerens

Wéi gewinnt kucke mir um Enn vun der Plénièreswoch zeréck op d’Highlighte vun de leschten Deeg.

An eisem Récapitulatif vum Februar schwetze mir iwwert d’Baureprotester an dem Donald Trump sénge rezenten Aussoen zur NATO. Vill Spaas beim Kucken!

category: , ,

Récapitulatif: Januar 2024 – Europawalen / Role vu nationale Parlamenter

January 18th, 2024 by Charles Goerens

Wéi gewinnt kucke mir um Enn vun der Plénièreswoch zeréck op d’Highlighte vun de leschten Deeg.

Am Récapitulatif vum Januar kucke mir op déi ustoen Europawalen a schwätzen iwwert de Role vun nationale Parlamenter am Europäeschen Entscheedungsmechanismus.

category: , ,

Récapitulatif: Abrell 2023 – Strategesch Autonomie an dem Xavier Bettel seng Ried

April 25th, 2023 by Charles Goerens

Am Récapitulatif vun dësem Mount schwätze mir iwwer d'Konzept vun der Strategescher Autonomie an dem Xavier Bettel seng Ried am Europaparlament

category: ,

RÉCAPITULATIF: MÄERZ 2023 – Deportéiert ukrainesch Kanner & EIB

March 17th, 2023 by Charles Goerens

Am Récapitulatif vun dësem Mount schwätze mir iwwer d'Deportatioun vun ukrainesche Kanner a Russland a kucken, wat d'EU maache kann. Ausserdeem beschwätze mer d'Roll vun der Europäescher Investissiounsbank wann et em d'Rekonstruktioun vun der Ukrain geet.

category: ,

Plenarsëtzungswoch am Mäerz 2022: Ukrain Krich an Debat iwwer Foreign Interference

March 10th, 2022 by Charles Goerens

Och am Mäerz hu mer rem een Interview gemaach, fir iwwer aktuell Sujet'en ze schwetzen. Mir hun iwwer déi russesch Aggressioun an der Ukrain geschwat an iwwer meng Interventioun an der Plénière. Kuckt bis eran!

Och am Mäerz hu mer rem een Interview gemaach, fir iwwer déi aktuell Sujet’en ze schwetzen. Mir hun iwwer déi russesch Aggressioun an der Ukrain geschwat an iwwer meng Interventioun an der Plénière. Kuckt bis eran!

category: , ,

Bréissel während der COVID19 Pandemie

May 17th, 2020 by Charles Goerens

article picture

Bréissel 17/05/2020

Lues awer sécher fänken ëmmer méi Staate mam Deconfinement un a lockeren d’Mesuren, déi am Kader vun der COVID-19-Pandemie ergraff goufen. An dësem Zesummenhang mussen awer och nach eng Rei Froe gekläert ginn. Wéi kënne mir déi wirtschaftlech an déi sozial Konsequenze méiglechst kleng halen? Wéi eng Roll kënne sougenannt Contact Tracing Apps spillen, fir d’Verbreedung vum Coronavirus z’iwwerwaachen? Dës a méi Theme goufe rezent am Europaparlament diskutéiert.

Voxbox

March 13th, 2020 by Charles Goerens

article picture

Bréissel 13/03/2020

Un der Tierkesch-griichescher Grenz ass d’Situatioun ugespaant zënter den tierkeschen President decidéiert huet, d’Grenzen fir Migranten a Flüchtlingen opzemaachen. Wat sinn d’Grënn fir dës Decisioun, wéi ass d’Situatioun anzeschätzen an wéi mussen d’EU Autoritéiten reagéieren? Link zum Video fannt Dir hei.

category: , , ,

Stroossbuerg am Februar

February 13th, 2020 by Charles Goerens

article picture

Stroossbuerg 13/02/2020

D’EU-Kommissioun huet viru Kuerzem hir Propose iwwer d’Reform vum EU-Erweiderungsprozess virgestallt. Si wëll d’Verhandlunge mat Bäitrëttskandidate méi transparent gestalten. Gläichzäiteg setzt Bréissel méi streng Krittären. Mee esou laang d’EU sech net d’Moyene gëtt, fir de Schutz vun de Grondwäerter ze garantéieren, ass se net prett fir d’Erweiderung. Hei meng Aschätzung vun der neier EU-Strategie.

January 20th, 2020 by Charles Goerens

article picture

Ee vun de groussen Themen dës Woch zu Stroossbuerg war d’Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa, déi den 9. Mee dëst Joer soll ugoen. Dozou hu mir am Parlament eng Resolutioun gestëmmt fir eis Visioun vun der Konferenz ze verdäitlechen. Mat enger Majoritéit vu bal 500 Stëmmen dofir gouf se ugeholl.
Dës Kéier widme mir eise Stroossbuerg-Video just dëser Konferenz. Vill Spaass beim kucken. Méi Informatioune fannt dir op dëser Säit.

Stroossbuerg 16/01/2020

Ee vun de groussen Themen dës Woch zu Stroossbuerg war d’Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa, déi den 9. Mee dëst Joer soll ugoen. Dozou hu mir am Parlament eng Resolutioun gestëmmt fir eis Visioun vun der Konferenz ze verdäitlechen. Mat enger Majoritéit vu bal 500 Stëmmen dofir gouf se ugeholl.
Dës Kéier widme mir eise Stroossbuerg-Video just dëser Konferenz.

category: , , ,

Voxbox

July 19th, 2019 by Charles Goerens

article picture

Stroossbuerg 18/07/2019

Dës Woch koum d’Europaparlament fir eng zweete Kéier am Juli zu Stroossbuerg zesummen. An där leschter Sessioun virun der Summerpaus stoung ënnert anerem d’Bestätegung vun der Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun, der Ursula von der Leyen, um Programm. Mee awer och an de verschiddenen parlamentaresche Kommissiounen hunn nach missen d’Virsëtz gestëmmt ginn. Fannt hei de Video dozou.

Ech wënschen Iech vill Spaass beim kucken an eng schéi Summervakanz.

July 4th, 2019 by Charles Goerens

article picture

Stroossbuerg 04/07/2019 

Dës Woch koum dat nei gewielten Europaparlament fir d’éischte Kéier zu Stroossbuerg zesummen. Déi éischt Sessioun stoung ganz am Fokus vun der Verdeelung vun den europäesche Spëtzeposten, déi d‘Staats- a Regierungscheffe parallel zu Bréissel decidéiert hunn.

An enger éischter Phase huet d’Europaparlament säi President an d’Vizepresidente gewielt. An enger zweeter Phase sinn d‘Europadeputéiert dann opgefuerdert d’Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun ze bestätegen. Dat ass an zwou Wochen de Fall, an deenen d‘Ursula von der Leyen sech deenen eenzele Fraktiounen och nach wäert virstellen.

Mir wäerten Iech och weiderhin no all Sessioun zu Stroossbuerg mat engem Iwwerbléck um Lafenden halen.

Fannt hei den éischten, vun zwee Kommentarer vum Mount vu Stroossbuerg am Juli 2019.

March 28th, 2019 by Charles Goerens

article picture

Stroossbuerg 28/03/2019 

De Mandat vum Europaparlament geet esou lues op een Enn. Et sti vill Dossieren um Agenda vun där zweetleschter Plenarsëtzung, déi nach mussen ofgestëmmt ginn fir d‘Aarbechten ofzeschléissen.
Ënner anerem ass och d‘Instrument fir Noperschaft, Entwécklung an International Zesummenaarbecht (NDICI) gestëmmt ginn, fir dat ech ee vun de véier Rapporteure war.

Den Text ass mat 420 Stëmmen dofir, 146 dogéint an 102 Abstentiounen ugeholl ginn.

Fannt hei de Site vum Europaparlement mat all den Interventiounen (Mardi 26 mars 2019 – Multimédia par débat) an den offiziellen Pressecommuniqué vum Europäesche Parlament

Hei de Kommentar vum Mount, wéi och d’Interventioun an der Plenière zu Stroossbuerg.

De Mandat vum Europaparlament geet esou lues op een Enn. Et sti vill Dossieren um Agenda vun där zweetleschter Plenarsëtzung, déi nach mussen ofgestëmmt ginn fir d‘Aarbechten ofzeschléissen.
Ënner anerem ass och d‘Instrument fir Noperschaft, Entwécklung an International Zesummenaarbecht (NDICI) gestëmmt ginn, fir dat ech ee vun de véier Rapporteure war.

Den Text ass mat 420 Stëmmen dofir, 146 dogéint an 102 Abstentiounen ugeholl ginn.

Fannt hei de Site vum Europaparlement mat all den Interventiounen (Mardi 26 mars 2019 – Multimédia par débat) an den offiziellen Pressecommuniqué vum Europäesche Parlament.

Hei de Kommentar vum Mount, wéi och meng d’Interventioun an der Plenière zu Stroossbuerg.

category: ,

Voxbox

March 14th, 2019 by Charles Goerens

article picture

Stroossbuerg 14/03/2019

Kuckt hei mäin neiste Commentaire vum Mount!

De Brexit stoung och dës Woch nees ganz am Mëttelpunkt vun den Debaten, souwuel am britesche Parlament, wéi och bei eis am Europaparlament. Dobäi ass et awer wichteg, dass mir och aner wichteg Themen net aus den Ae verléieren. Mir mussen eis ganz dringend Gedanken iwwer d’Zukunft vun Europa maachen.

Kuckt eran!

category: , ,

Stroossbuerg am Dezember 2018

December 14th, 2018 by Charles Goerens

Haaptthemen: Den Attentat um Chrëschtmaart, de Brexit an de Sakharovpräis.

Stroossbuerg Sessioun vum Dezember 2018. Haaptthemen: Den Attentat um Chrëschtmaart, de Brexit an de Sakharovpräis.

category: , ,

De Commentaire vum Mount

September 16th, 2016 by Charles Goerens

article picture

September 2016

Kuckt de Commentaire hei!

Wéi geet et weider mat der EU?

category:

Le commentaire du mois

September 10th, 2015 by Charles Goerens

category:

Commentaire du mois au sujet “Brexit”

May 30th, 2015 by Charles Goerens

http://www.dok.lu/page/program/337/LTZ/index.html

category:

Commentaire du mois – Crise de la dette en Grèce

March 28th, 2015 by Charles Goerens

http://www.dok.lu/page/program/266/LTZ/index.html

category:

Commentaire du mois – Russie: Aujourd’hui et en 1945

February 14th, 2015 by Charles Goerens

http://www.dok.lu/page/program/230/LTZ/index.html

category:

Charles Goerens image
 
Charles Goerens

Member of the European Parliament (Renew Europe)

Continue reading