article picture

Voxbox

July 4, 2019 by Charles Goerens

Stroossbuerg 04/07/2019 

Dës Woch koum dat nei gewielten Europaparlament fir d’éischte Kéier zu Stroossbuerg zesummen. Déi éischt Sessioun stoung ganz am Fokus vun der Verdeelung vun den europäesche Spëtzeposten, déi d‘Staats- a Regierungscheffe parallel zu Bréissel decidéiert hunn.

An enger éischter Phase huet d’Europaparlament säi President an d’Vizepresidente gewielt. An enger zweeter Phase sinn d‘Europadeputéiert dann opgefuerdert d’Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun ze bestätegen. Dat ass an zwou Wochen de Fall, an deenen d‘Ursula von der Leyen sech deenen eenzele Fraktiounen och nach wäert virstellen.

Mir wäerten Iech och weiderhin no all Sessioun zu Stroossbuerg mat engem Iwwerbléck um Lafenden halen.

Fannt hei den éischten, vun zwee Kommentarer vum Mount vu Stroossbuerg am Juli 2019.

category: , , ,

 
Charles Goerens image

About Charles Goerens

Member of the European Parliament (Renew Europe)

Continue reading

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *