article picture

Fräi Politesch Tribün – 05.02.2024

February 8, 2024 by Charles Goerens

An der Emissioun vun der DP stellen ech fest, dass et déi Konzentratioun u Problemer, déi mer de Moment an Europa hunn, net mei zanter dem Zweete Weltkrich ginn huet. Dd’Decisiounen, déi mir dëst Joer huelen, hun ee groussen Impakt op déi nächst 50 Joer an Europa.

Hei ze fannen

 

Routine war gëschter, awer leider vill ze laang. Imaginatioun, Kreativitéit an Determinatioun ass haut, et sief da mir géifen d‘Heft engem aneren wellen an d‘Hand ginn. Ee vun deenen Anere setzt am Kreml. E behaapt e géing d’Erweiderung vun der NATO an der EU fäerten, mee a Wierklechkeet fäert hien d‘Erweiderung vun der Demokratie. E geet zwar mat an d‘Walen, mee mir wësse och elo scho wéi déi Walen ausginn. An Amerika sinn och Walen, do kenne mer den Ausgank zwar nach net, mee sollt den Donald Trump nach ee mol gewannen, an dat maache wat en ugekënnegt huet, dann hätt d‘Ukrain um Enn vum Joer net méi vill ze laachen.

Lo wesse mer awer dass den Ausgank vun dem Konflikt net nëmmen Zukunft vun der Ukrain wäert prägen, mee och d‘International Uerdnung a besonnesch d‘Zesummeliewen op eisem Kontinent. Well een deen do Zenario awer net vu virera kann ausschléissen, solle mer eis och op déi schwéierst a komplizéiertst Situatioun virbereeden, nämlech déi wou mer nemmen zu 27 ganz eleng do stinn. Et geet net mei duer vir ze soen d‘Fräiheet huet kee Präis, well se kascht awer am endeffekt eppes. Se kascht eis méi wei déi 50 Milliarden déi mer elo laang a penibel am Zickzack Kurs de leschten Donneschdeg zu Bréissel hikritt hunn. Se kascht eis net nëmme Geld, se verlaangt och vun eis eng Upassung vun der Manéier wei mer funktionéieren an der EU. Se verlaangt dass mer denen Erpresser déi sech hannert der Eestëmmegkeet verstoppen d’Rout Kaart weisen. Se verlaangt dass wa mer schonn verschiddenen Länner e Beitrett an d‘EU verspriechen, dat ass och gutt esou, mee dass mer déi Promesse réicht kennen haalen wa mer och funktionsfäheg sin, fir dat hinzekreien. Se verlaangt un éischter Stell dass déi aktuell 27 Membere vun der EU sech sou organiséieren, dass se mat där rasanter internationaler Entwécklung kenne Schrëtt halen. Se verlaangt dass mer zu 28, 30 oder 35 net nëmmen an der Lag sinn den europäesche Bannemaart ze gestalten, mee se verlaangt och dass mer an enger erwiederter EU zesumme mei staark si wei lo.

Vun all deenen Upassunge vun deenen elo riets goung gëtt et keng eng déi net elo scho misst resolut ugepaakt ginn. An der Ausernanersetzung bis den 9. Juni, wou mer een neit Europäescht Parlament wielen, wäerten mer op där enger Säit Fraen a Männer hun, déi fir eng funktiounsfäheg Unioun sin, nenne mer se mol einfach d’Verteideger vun eiser fräiheetlecher, toleranter, oppener a solidarescher Gesellschaft. Déi di Upassungen oofleenen an net bereet sinn déi Efforten un ze goen, déi dëse Kontinent brauch fir seng Fräiheet a Rechtsstaatlechkeet ze festegen, déi wäerte sech profiléiren als Doudegriewer vun der gemeinsamer europäescher Aventure, eng Aventure déi konnt bis elo Fräiheet, Wuelstand a Respekt vun der mënschlecher Dignitéit garantéieren. Mir wëllen zu deene geheiren, déi zesummen och mat anere politesche Kräften dat do weider ennerstetzen.

Ofschleissend sierf bemierkt dass d’Politik, ech mengen déi responsabel Politik, zwar eng fundamental Ausriichtung wat den obligatoreschen Respekt vun eisen gemeinsamen Wäerter ubelaangt, nett muss a Fro stellen, mee d’Method wéi d’Politik gemeet gett muss iwwerduecht ginn.  D’Baureprotester vun de leschte Wochen leiren eis, dass eng gemeinsam Agrarpolitik déi net mei verstaanen gett, zu engem ganz déiwe Malaise féiert. Wann déi Protestbeweegung vu ganz ville Bierger verstaan an ennerstetzt gett weist daat dass d’Kommissioun, an d’Kommissioun un éischter Stell, een Effort vun Dialog a Kooperatioun sollt beweisen. Soss fir alleng bei desem Beispill ze bleiwen gett d’Vetrauen an d’EU menacéiert an dat wir net gutt fir de Fortbestand vun deenen 27.

category: , ,

 
Charles Goerens image

About Charles Goerens

Member of the European Parliament (Renew Europe)

Continue reading

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *