article picture

Fir d’Meenungsfräiheet a géint d’Zensur

March 12, 2019 by Charles Goerens

D'DP lehnt all Form vun Uploadfilter of

D’Demokratesch Partei ass géint all Form vun Zensur am Internet an trëtt fir d’Grondrecht vun der Meenungsfräiheet an, esouwuel offline ewéi online. Dofir fuerdert d’DP d’Europaparlament dozou op d’Artikelen 11 an 13 vun der geplangter Copyright-Direktiv net an der aktueller Form unzehuelen. D’DP stellt sech domat hannert d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung, déi schonn am Februar géint déi proposéiert Direktiv gestëmmt huet. Den DP-Europadeputéierten Charles Goerens wäert och beim Vote am Europaparlament géint d’Artikelen 11 an 13 stëmmen.
Och wa mir eng Reform fir e bessere Schutz vun den Droits d’auteuren am Internet ënnerstëtzen, kënne mir net guttheeschen, datt Plattformen an Zukunft direkt oder indirekt derzou gezwonge ginn Uploadfilteren anzesetze fir de Contenu vun hiren Notzer ze kontrolléieren. Esou Filtere sinn net nëmmen eng Gefor fir d’Meenungsfräiheet mä riskéieren och e groussen Deel vun der Internetkultur ze zerstéieren, déi, ouni kommerziell Hannergedanken, op eng kreativ Aart a Weis Fotoen, Video- a Museksextraite verschafft.
Een Argument dat d’Supportere vun der proposéierter Copyright-Direktiv virbréngen, ass d’Verdeedege vun der Mediepluralitéit. D’DP ass allerdéngs der Meenung, datt grad d’Pressevillfalt net als Argument fir méi Zensur däerf duerhalen. Mir verweisen an deem Kontext op d’Efforte vun der Lëtzebuerger Regierung, déi d’Pressehëllef un den Zäitalter vun den digitale Medien upasse wäert.
D’DP setzt sech derfir an, datt d’Besëtzer vun engem Copyright, dorënner Onlinemedien a vill Kënschtler, méi einfach fir hir Aarbecht bezuelt kënne ginn, wa grouss Plattformen op hier Wierker zréckgräife wëllen. Eng kohärent Protektioun vun den Droits d’auteuren am Internet däerf net doranner bestoen, datt déi gelieften Internetkultur zenséiert gëtt. Et gëlt ee Gläichgewiicht ze fannen tëschent dem legitime Schutz vun den Droits d’auteuren op där enger Säit an der fräier Beweegung am Netz op där anerer.

Fannt hei de Link zur offizieller Pressematdeelung vun der DP

category: ,

 
Charles Goerens image

About Charles Goerens

Member of the European Parliament (Renew Europe)

Continue reading

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *