article picture

D’BEI als Partner am Kampf géint de Klimawandel

April 1, 2019 by Charles Goerens

"De Bäitrag vun der Europäescher Investitiounsbank bei der Bewältegung vun de Klimaerausfuerderungen"

Mir krute rezent virgerechent wéi vill Zäit eis bleift fir eng Klimakatastroph ze vermeiden.

Dat geet nëmmen zesummen. Mat europäesche Strukturen.

Fir d’EIB ass d’Finanzéierung vum Klima- an Ëmweltschutz mëttlerweil eng top Prioritéit ginn. Haut sinn si de weltwäit gréissten multilateralen Geldgeber fir Klimaschutzprojeten. 

25 Prozent vun hiren Finanzéierungen stinn bereet fir Bekämpfung vun den Ursaachen a Folgen vum Klimawandel. An den Entwécklungslänner soll bis 2020 een Undeel vun 35 Prozent erreecht ginn.

100 Milliarden US-Dollar sinn am Zäitraum 2016-2020 fir Klimaprojeten bereet gestallt ginn, fir dass d’Ziler vum Paräisser Klimaofkommes erreecht kennen ginn.

Kommt den 10. Abrëll owes ëm 8 Auer op Maacher an de Kulturhuef op eng Diskussiounsronn, mam Werner Hoyer, President vun der Europäescher Investitiounsbank, iwwer “De Bäitrag vun der Europäescher Investitiounsbank bei der Bewältegung vun de Klimaerausfuerderungen”

Méi Informatioune fannt Dir op:

https://www.eib.org/de/projects/priorities/climate-and-environment/index.htm

 

category: ,

 
Charles Goerens image

About Charles Goerens

Member of the European Parliament (Renew Europe)

Continue reading

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *